Lamadünger:

Biologeschen Buedemverbesserer:

  • 100% biologesch an ouni schiedlech Zousazstoffer

  • räich un Stéckstoff, Phosphor a Kalium

  • gutt Mineralstoffer

  • einfach portionéierbar

  • gerochsarm

  • verbrennt keng Wuerzelen an Jongplanzen

  • ka frësch oder gedréchent benotzt ginn am Gaart, a Kiwwelplanzen an Zëmmerplanzen

De Lamadung enthält bal kee Waasser a just wéineg organescht Material, am Vergläich zu Päerds- oder Koumëscht. Ausserdeem entwéckelt en keng Temperaturerheigung, wei zum Beispill Perdsmëscht. Dofir kann een en och ouni den Zwëschenschrëtt Kompost direkt asetzen. En ass net 'schaarf' an och fir d'Liewen am Buedem net ze aggressiv.

Lamadung ass räich un Stéckstoff, Phosphor a Kalium, an ass dofir aussergewéinlech gutt gëeegent fir d' Buedemverbesserung - normalerweis ass den Undeel méi grouss wei bei anere Stalldéieren. Dofir ginn och kleng Mengen duer.

Lamadung ass bal gerochlos, a souguer an zouene Raim bemierkt een en net. Dat läit dodrun, dat d'Lamae wéinst hirem Mo ausgezeechent Fudderverwerter sinn. Am raue Klima an den Anden mussen si all gefriess Energie och wierklech optimal ausnotzen. Dowéinst enthält Lamadung (am Geigensaatz zu Schofs- oder Perdsmëscht) kaum Som .

Duerch déi vill kleng, bal schwaarz Këttelen, huet den Dung eng grouss Uewerfläch an sou verdeelen sech d'Stoffer fir d Buedemverbesserung gläichméisseg a schnell. Duerch déi relativ kleng Form vun de Këttele sinn si gutt portionéierbar: si fannen a Blummendëppen am Zëmmer, souwéi och a grousse Planzenkiwwelen oder groussflächege Gäert Verwennung. Doduerch dat de Lamadung sou waasserarm ass, ass d 'Veraarbechtung an Uwendung einfach.

Fir Buedem fir jonk Planzen respektiv Dëppenbuedem huet sech 1 Deel Lamadung an 4 Deeler Buedem als gutt erwisen.

Lamadung eegent sech besonnesch fir:

  • bléiend Planzen ( Geranien, Rosen etc...)

  • Geméis wat vill Nährstoffer verbraucht (Zucchini, Kohl, Brokkoli, Kornischong, Tomaten, Rhabarber)

  • enthält vill Mikroorganismen, wat dem Buedem meeschtens gutt deet

  • quëllt bis op dat duebelt vun sengem Volumen op wann en naass gëtt, wat en Wasserpuffer bei waarmen Deeg duerstellt.

  • verbrennt keng Blieder vun jonken Planzen, wann se matt Giésswaasser an Kontakt kommen

Giéisswaasser: Lamadung iwwer Nuecht an engem Kiwwel matt Waasser stoe loossen an netzen.

Zousätzlech Infoe:

Lamadung gëtt an den Anden gedréchent och als Heizmettel benotzt. An Bolivien dierf Lamadung lo souguer beim Rengege vum Drénkwaasser benotzt ginn.

wann dir un Lamadünger intresséiert sidd, dann mellt iech bei mir: